17 déc. 2018

Ëmmer up to date

Fir iwwert eis Aktivitéiten informéiert ze beliwen,
consultéiert regelméisseg eisen Internetsite:
https://arcasbl.wixsite.com/arc-asbl

Do ass ëmmer eis nächst Ausstellung mat allen Informatiounen affichéiert,
grad wéi eis aktualliséiert Memberslëscht mat Link zum Site vum Artist
sou wéi och d'Ausstellungen vun eisen Memberen ausserhalb vum ARC.

Ausserdem gëtt et en Historique vun den Aktivitéiten vum ARC,
mat Artikelen, Photoen a Links.

De Blogg hei gëtt just sporadeg aktualiséiert,
dofir consultéiert léiwer eisen Internetsite
oder eis facebook-Säit: 
https://www.facebook.com/ARCasbl/

19 juil. 2018

Den ARC um Veiner Nëssmoort 2018

Vu datt den ARC säi Siège Social lo zu Veianen huet, kënne mir net nëmmen regelméisseg an der Veiner Konstgalerie ausstellen, mee mir kënnen als Veiner Veräin och bei allen aneren Veiner Aktivitéiten matmaachen.
Déi bekannst dovun ass wuel den traditionnellen Nëssmoort. An do wäerte mir dann dëst Joer och mat engem Stand dobäi sinn. Eis Standplaz ass beim CG Konstatelier (39, Grand-Rue) virgesinn. Mir sinn gespaant wat draus gëtt ...
De Nëssmoort ass (normalerweis ëmmer den 2. Sonndeg am Oktober, ausser wa Wale sinn, dofir ass en) dëst Joer de 07.10.2018 ab 10:00 Auer moies ...

Eis nächst geplangten Ausstellungen:
13./14.+20./21.10.2018 zu Steesel an der Galerie am Duerf
29.11. – 09.12.2018 an der Veiner Konstgalerie
am Abrëll 2019 am Kulturhaus zu Dikkrich
am Hierscht 2019 zu Veianen,
2020 an der Schungfabrik zu Téiteng,
am H2O zu Uewerkuer an
an der Veiner Konstgalerie ...

méi Infos 
op eisem Internetsite:
https://arcasbl.wixsite.com/arc-asbl/
an op eiser facebook Säit:
https://www.facebook.com/ARCasbl/

26 mars 2018

Assemblée Générale 21.III.2018

Hei e klenge Resumé vun eiser Generalversammlung, déi den 21. Mäerz am Restaurant Spakelter zu Leudelange war ...

Mat voller Stëmmzuel (anonym) goufen d'Membres adhérents Eva Paulin an d'Nathalie Lesure als aktiv Memberen am Kënschtlerkrees opgeholl.

Aus Zäitmangel sinn 3 Membren aus dem Comité zréckgetrueden: de Zahrée Veerman, d'Dany Blasen an d'Milly Richter. Si kruuten allen 3 e klenge Kado fir als Merci fir hier Aarbecht während dem läschte Joer. Nei am Comité ass vun lo un d'Juliette Haag.

Eis Tresorière, d'Anne-Marie Grimler, behält d'Iwwersiicht vun eisen Finanzen an huet bemierkt datt eis läscht Ausstellung zu Beetebuerg "Am klenge Kader 2" eis nawel vill Sue kascht huet, d'Locatioun vum Galerie-Raum, d'Gedrénks an déi lokal Dréckerei fir d'Invitatiounen, an datt mir Chance haten datt sou gutt do verkaf gouf, sou datt en Deel vun de Käschten mat de % rëm konnt opgefaangen ginn. Sou daier Ausstellungen därfen mir net permanent maachen.

Eis nächst Ausstellungen:
- Open Air Konstfestival, Lellingen, am Juni 2018
- Galerie Am Duerf, Steinsel, am Oktober 2018
- Veiner Konstgalerie, Vianden, Enn November 2018

Och gouf driwwer diskutéiert op mir beim Veiner Nëssmoort sollen e Stand maachen fir Suen an d'Kees ze kréien ...

2019 feieren mir eisen 60. Anniversaire a bréngen e Buch raus. Eise President, de Serge Koch, ass fläisseg um sammlen fir de Contenu, dofir hei en Opruff: Wann nach een Material (Texter, Fotoen, ...) aus de läschten 60 Joer vum ARC – Art Contemporain du Grand Duchée du Luxembourg, dann kënnt dir dem Serge et wegl weiderginn.

Dës weideren huet et jidderengem gutt geschmaacht a mir haten e flotten Owend zesummen.

Expo "Am klenge Kader 2" an der Galerie Maggy Stein am Château de Bettembourg – Mäerz 2018


Artikel iwwert den ARC an der REVUE vum 28.02.2018