16 mars 2017

ReNaissance

Eis nächst Ausstellung mam Titel an Thema "ReNaissance" ass symbolesch fir dat neit Opliewen vun der a.s.b.l.
D'Ausstellung ass ze gesinn vum 31.III. - 09.IV.2017 all Dag vun 15:00-19:00 Auer zu Réiser an der Gemeng. Vernissage ass den 30. Mäerz um 18:30 Auer.

Mir hu net nëmmen e neie Comité, mee och nach eng Rei nei Membres adhérants wéi z.B. d'Florence Hoffmann, d'Marina Herber, de Pépé Pax, d'Reiny Rizzi, d'Monique Becker, de Gérard Claude an d'Marie-Josée Kerschen.
De Zahrée Veerman an d'Josiane Ginter waren schon während der Assemblée Générale extraordinaire als Member ugeholl ginn.

De neie Comité ass dann och fläisseg am Schaffen, a frou fir schon de neie Logo vum ARC presentéieren ze kënnen ... 

Aucun commentaire:

Enregistrer un commentaire